Serie op RTL: Den Tim Morizet geet nach emol an den Detail punkto Krankeschäin, dës Kéier aus der Sicht vum Aarbechtsrecht.

An eiser Serie iwwert d'Gesondheetskeess zu Lëtzebuerg hu mer en Méindeg am Detail op den Krankeschäin gekuckt. Dat ganzt war aus der Siicht vun der CNS an hire Statute, also alles richteg, ma doduerch kéint sou munchereen awer zu engem Feeler vis-à-vis vum Patron verleet ginn.

AUDIO: Serie CNS (9. Deel)-Krankeschäin eraginn laut Aarbechtsrecht

D'Aarbechtsrecht an d'Statute vun der CNS sinn zwou verschidden Geschichten. Der CNS no, brauch een, wann ee manner wéi zwee Deeg krank ass, kee Krankeschäin, ma d'Aarbechtsrecht seet do eppes aneres.

Laut dem Code du Travail kann de Patron awer schonn éischter e Krankeschäin vu sengem Salarié verlaangen - hei ass den Code nämlech net präzis. D'Exceptioun kënnt wann eppes aneres iwwert e Règlement interne, e Kollektivvertrag oder soss schrëftlech festgehale ginn ass. Wann een sech do net drun hält riskéiert de Salarié Problemer mam Patron ze kréien.

Spéitstens vum 3. Dag un muss den Employeur de Krankeschäi kritt hunn, wat e virdrun maachen dierf, ass am Code du Travail net eendeiteg festgehal. U sech ass et sou, dass de Salarié nom éischten Dag entweder direkt oder duerch en Drëtten sengem Employeur mëndlech oder schrëftlech soll Bescheed soen.

Dobäi kënnt, datt dem Aarbechtsrecht no den Poststempel vum Krankeschäin fir den Patron net zielt. De Patron muss spéitstens um 3. Dag vum Krankeschäin déi giel Kopie vum Schäi kritt hunn.

Wann ee sech net dorun hält, kann de Patron dëst als eng "Faute Grave" ugesinn an déi néideg Schrëtter aleeden.

Déi eicht 5 Deeg vun sengem Krankeschäin ass am Prinzip keng Sortie erlaabt, ausser dat wier anescht vum Dokter vermierkt. Dëst kann nëmmen dann ignoréiert ginn wann de Kranken an eng Contrôle Médical geet.