Sécherheetsbeamten zu Déifferdeng1.100 Interventioune an annerhallwem Joer, dorënner 150 Mol d'Police geruff

Pierre Jans
Op der Stater Gare ass also elo op en Neits eng grouss Diskussioun ronderëm déi privat Patrullen am Gaangen.
Sécherheetsbeamten zu Déifferdeng
Zanter annerhallwem Joer gräift d’Gemeng Déifferdeng schonn op eng privat Sécherheetsfirma zeréck. An där Zäit gouf et 1.100 Interventiounen.

Zu Déifferdeng goufen där Sécherheetsbeamte scho virun annerhallwem Joer engagéiert, wat deemools am Summer 2019 zimmlech ënnergaange war. De Pierre Jans huet mam Déifferdenger Schäfferot iwwer d’Erfarunge mat private Patrullen an hirer Stad geschwat.

Sécherheetsbeamten zu Déifferdeng / Reportage Pierre Jans

Déifferdeng hätt een Haaptproblem gehat, een Hotspot, wann ee sou wëll. De CSV-Schäffe Robert Mangen schwätzt vum Parking am Agang vun Déifferdeng. Vun do aus féieren Trapen erof an en Tunnel. Alternativ gëtt et e Lift. Da kann een ënnert de Gleiser op déi aner Säit trëppelen. A Richtung Park Gerlach. De Robert Mangen, dee fir d’Sécherheet zu Déifferdeng zoustänneg ass, erkläert: “Et ass eng relativ donkel Plaz, relativ ageengt. Dat ass fir d’Leit net esou sympathesch, fir dann eleng duerch den Tunnel ze goen. Dofir hu mir ons entscheet, fir do e bëssen ze hëllefen. Elo si Leit do, déi eventuell mat hinnen duerch den Tunnel kënne goen.”

Zanter annerhallwem Joer maachen elo owes zwee Sécherheetsbeamte vun enger privater Firma hiren Tour duerch Déifferdeng. Déi gréng Buergermeeschtesch Christiane Rausch schwätzt vun engem gefillter Onsécherheet bei engem Deel vun den Awunner, mee net nëmmen dovun: “Mir hu vill Flächen. Mir hunn am Zentrum e Park a vill Parke ronderëm. Mir hu Schoule mat Häff an do ass ganz vill futti gemaach ginn. Et ass haaptsächlech fir dee Vandalismus ze ënnerbannen.”

An änlech wéi op der Stater Gare wär zu Déifferdeng och d’Drogekriminalitéit e Problem, wann och a méi engem klenge Stil: ''Et geet och net drëm, deen ze niéieren. En ass do.”

Déi privat Patrullen hunn an deene leschten 18 Méint méi gemaach, wéi just ze spadséieren. Ronn 1.100 Mol ware si intervenéiert. Iwwer 650 Mol wären dat awer just Klengegkeete gewiescht, rapportéiert de Robert Mangen. 350 Mol wären Drogen an Alkohol am Spill gewiescht. 150 Mol hunn d’Beamten d’Police misse ruffen. D’Sécherheetsbeamte géifen hei zu Déifferdeng net koordinéiert mat der Police zesummeschaffen. A si hätten hire Kompetenzberäich ënnert dem Stréch och respektéiert, seet den zoustännege CSV-Schäffen: “Mir hunn awer elo u sech relativ gutt Erfarunge gemaach. Si si relativ dezent. Et si mol heiansdo Incidenten, déi virkommen. Si hu sech awer relativ zeréckgehalen. Do kann een net kloen.”

An als Client hätt ee jo eng Kontroll driwwer, esou de Robert Mangen. Allerdéngs hofft den Déifferdenger Schäfferot, dass d’Police verstäerkt gëtt. D’Privat Sécherheetsbeamte goufen als eng Iwwergangsléisung engagéiert. Virun annerhallwem Joer.

Syvicol besuergt

De Syvivol ass “besuergt” iwwert d’Polemik, déi iwwert den Engagement vun enger privater Security-Firma an der Stad entstanen ass.

PDF: Prise de position vum Syvicol

Back to Top
CIM LOGO