
Am spéiden Nomëtten ass zu Méischtref e Bam op eng Stroumleitung gefall. Dat an der Dikrecher Strooss. Et gouf kee blesséiert, ma de Stroum war an där Géigend awer fir ronn 90 Minutten ënnerbrach.
Zu Wickreng huet et e Freideg am fréien Owend an enger Hal gebrannt, heescht et weider am CGDIS-Bulletin. Och hei gouf keen blesséiert.