Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 877 Neiinfektioune bei 3.553 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 918 läit.
© RTL

Aktuell sinn 69 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 20 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.079.967 Impf-Dosisse genotzt. 4.447 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 146,37 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 134,37 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO