D'Touristejoer 2017 ass op en Neits e Rekordjoer, bei den Iwwernuechtunge gouf et e Plus vu 4% an déi magesch Grenz vun 3 Milliounen Nuitéeë gouf eng éischte Kéier duerchbrach.
D'Zeeche stinn op Gréng, esou d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, Francine Closener.
Iwwer Land geet et manner gutt ewéi an der Stad, dat war viru puer Joer nach d'Reegel. Elo kéint een dat awer net méi sou pauschal soen.
Da wier et och sou, datt et deenen, déi mat der Zäit gaange sinn, haut gutt géing goen.
An de ländleche Regioune soll verstäerkt an den Aktivtourismus investéiert ginn. Ënnert anerem soll Lëtzebuerg als Wanderdestinatioun promouvéiert ginn.
Allgemeng solle bis 2022 60 Millioune an den Tourismus investéiert ginn.
Da gi 4 grouss Hotelsprojete realiséiert, zwéin um Kierchbierg, een zu Wickreng an een zu Wäisswampech. Et wier wichteg, datt et bei de Capacitéite weider eropgeet, esou d'Francine Closener.
Den neie Klassifikatioun-System vun den Hotelle géing gutt lafen, 33 Etablissementer maache bis ewell mat.
Déi nächst Woch gëtt de System och bei de Campingen agefouert.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien um kuerz no 8 Auer war d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren