
Am Ganzen hunn 101 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. Vun den 101 Doudesaffer si 64% am Spidol gestuerwen. 56 Prozent si Männer a 44 si Fraen.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 6 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.877. Vun den Infizéierte sinn der 3.139 Residenten.
Vun den 3.877 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.550 geheelt, 226 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 54.463 Tester gemaach, 1206 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.
Aktuell si 102 (+7) Patienten hospitaliséiert, 15 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 874 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,995.

