OGBL-Walcampagne10% méi Mindestloun, e Kollektivvertrag fir jiddereen an eng 6. Congéswoch

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL huet en Dënschdeg am spéide Moien an der Maison du Peuple zu Esch hir Walcampagne offiziell lancéiert.
OGBL-Walcampagne
Den OGBL huet en Dënschdeg am spéide Moien an der Maison du Peuple zu Esch hir Walcampagne offiziell lancéiert.

Eppes méi wéi zwee Méint virun de Sozialwale vum 12. Mäerz, huet den OGBL en Dënschdeg de Moien an der Maison du Peuple zu Esch seng Walcampagne offiziell lancéiert. Den Onofhängege Gewerkschaftsbond huet dobäi seng Kandidate fir dës Wale virgestallt a säi Programm.

Sozialwalen OGBL - Reportage Eric Ewald

Den OGBL fuerdert ënnert anerem eng 6. Congéswoch, e Kollektivvertrag fir jiddereen an 10% méi Mindestloun. Donieft wëll ee sech fir de Klimaschutz asetzen, fir Wunnraum, deen ze bezuelen ass, méi Steiergerechtegkeet a sécher Pensiounen an Aarbechtsplazen.

Den André Roeltgen hofft op eng Victoire bei deene Sozialwalen, Walen, déi sech jo an déi fir d'Salariatskummer a fir d'Personaldelegatiounen a Betriber vu méi wéi 15 Leit opdeelen. D'Wale fir d'Salariatskummer, d'Parlament vun der Aarbecht, wéi den OGBL-President d'Chambre des Salariés genannt huet, wären déi gréisst demokratesch Walen zu Lëtzebuerg. Wann d’Zuele stëmmen, wier ee bei 525.000 Wieler, dat wier duebel sou vill Leit wéi fir d’Parlamentswalen zu Lëtzebuerg. Natierlech gi bei dës Zuel net nëmmen d’Salariéë vu Lëtzebuerg, mä och d’Frontalieren an d‘Pensionnairen dobäigezielt.

D'CSL wär en Hiewel fir wesentlech Froe vum Salariat, sot den André Roeltgen, deen drun erënnert huet, dass den OGBL zanter den 1. Wale fir d'Salariatskummer d'absolut Majoritéit do huet. 2013 hat een 38 vu 60 Mandater kritt, dës Kéier wéilt een der méi, fir déi, Zitat, „gutt Aarbecht“ vum Onofhängege Gewerkschaftsbond an der Chambre des Salariés weiderzeféieren.

Wat d'Wale fir d'Personaldelegatiounen ugeet, hätt ee viru 6 Joer ronn 2.000 effektiv gewielt Delegéiert gehat. Och hei wär eng Stäerkung vum OGBL d'Zil, huet säi President erkläert. Ma firwat sollt ee grad seng Gewerkschaft stäerken? Dem André Roeltgen no ass d’Wiele vum OGBL den héchste Grad un Effikassitéit, deen d’Interessevertriedung vun alle Salariéë kann hunn. Jiddereen, dee fir gewerkschaftlech Eenheet a Stäerkt antrëtt, dee muss déi stäerkste Gewerkschafte wielen.

D'Sozialwalen hätten och eng Signalwierkung, d’Patronat an d’Regierung géif ganz genee op dës Wale kucken an notéieren, ob den OGBL géif geschwächt oder gestäerkt ginn.

Den OGBL kandidéiert an 8 vun den 9 Gruppen, an deenen den 12. Mäerz gewielt gëtt. Am Secteur vun der Eisebunn wäert den Onofhängege Gewerkschaftsbond de Landesverband ënnerstëtzen. Den André Roeltgen huet vun engem realistesche Programm geschwat. 1. Schrëtt wäre scho gemaach ginn, z.B. wat 10% méi Mindestloun an déi 6. Congéswoch ubelaangt, och wann nach weiderer nokomme missten; donieft missten an Zukunft all an net just 50% vun de Salariéen, wéi dat de Moment de Fall wär, vun engem Kollektivvertrag profitéieren, sou den OGBL-President. Informatioune vum OGBL zu de Sozialwale fënnt een iwwregens vun elo un um Internetsite elsoc.lu.

Back to Top
CIM LOGO