Diplomiwwerreechung102 Fraen a Männer kruten hir Meeschter-Bréiwer

RTL Lëtzebuerg
Am Groussen Theater an der Stad goufen e Sonndeg d’Diplomer "Promotion du Travail" am Handwierk verginn.
© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann

102 Absolventen kruten dobäi hir Meeschter-Bréiwer, mat deene si eng eegen Entreprise grënne kënnen, an och Jonker forméieren dierfen.

133 Handwierker kruten hiren Diplom de la promotion du Travail, fir hirt virbildlecht Engagement am Bezuch op de Master-Certificat.

D’Diplomer goufe vum Prënz Felix iwwerreecht, a Präsenz vum Aarbechtsminister Kersch a vum Bildungsminister Meisch, grad wéi och de Responsabele vun der Chambre des métiers.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann

Back to Top
CIM LOGO