
Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 694.898 Impf-Dosisse genotzt. 472 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.547 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.