Police112 Automobiliste vu gréisserer Alkoholkontroll betraff

RTL Lëtzebuerg
A 6 Fäll um Briddel respektiv zu Bartreng war den Alkoholtest ze héich ausgefall, ma et huet kee Permis missten agezu ginn.
© Kelsey Knight / Unsplash

D'Poliziste waren um Donneschdeg den Owend vun 22 bis 23.30 Auer an der Lëtzebuergerstrooss um Briddel am Asaz a vun 0.30 bis 2.00 Auer zu Bartreng an der Route de Longwy. Vun den 112 Automobilisten, déi an deenen Zäiten do ënnerwee waren, haten der 6 ze vill gedronk, ma keen dovunner huet de Permis missten ofginn.

Anescht war dat awer an der Rue Wiltheim an der Stad géint 4 Auer. Hei hat e Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an en Accident provozéiert. Well de Mann, deen dobäi net blesséiert gouf, ze vill gedronk hat, krut hie provisoresch de Permis ofgeholl.

Zu Hesper an der Diddenuewenerstrooss war géint 1.20 en Automobilist ugehale ginn, well hie kuerz virdrun enger Policepatrull op der falscher Spuer entgéint koum. Och hei hat de Mann ze vill gedronk an e Permis gouf provisoresch agezunn.

Matten am Dag, kuerz no 15 Auer, war zu Béiweng e Chauffer opgefall, deen am Zickzack gefuer ass. De Won konnt kuerz drop bei der Gare zu Bierchem erëmfonnt ginn an et war kloer, datt d'Automobilistin alkoholiséiert war. Och si krut de Permis provisoresch ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO