
An enger Affär vu Viol goufen e Mëttwoch am Nomëtten um Stater Geriicht 12 Joer Prisong, 4 dovu mat Sursis, fir e Mann gesprach.
Dem Papp waren eng Rei Vergewaltegunge vun 3 vu senge Kanner, tëscht August 2006 an Abrëll 2012, virgehäit ginn. Zu Déifferdeng, Iwwersiren an op de Philippinnen wär et zu deene Virfäll komm.
Déi 3 Duechtere kruten doriwwer eraus zesummen 30.000 € Schuedenersatz zougesprach.