Coronavirus zu Lëtzebuerg12 nei confirméiert Fäll, 4 weider Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 4 geklommen ass.

Am Ganzen hu 96 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 12 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.824.

Vun den 3.824 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.379 geheelt, 349 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 48.118 Tester gemaach. Zanter e Samschdeg waren et der 658 an dovunner waren der 12 positiv.

Aktuell sinn 115 (-6) Patienten hospitaliséiert, 22 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 850 (+5) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO