Um Freideg de Moie war de Charel Schmit vun der Caritas eisen Invité vun der Redaktioun.
127 Leit waren beispillsweis déi lescht Nuecht ageschriwwen. Plaz gëtt et fir maximal 220 Persounen. Zejoert loung de Pic bei ronn 160 Leit. D'Grënn, firwat d'Leit an d'Wanteraktioun kommen, si ganz verschidden, sou de Charel Schmit.
Eng 29, 30 Persounen, déi all Dag schaffe ginn, profitéieren den Ament vun der Wanteraktioun. Soss am Joer schlofen déi Leit am Auto, a Camionnetten oder an engem Kaffiszëmmer. Am Wanter versiche se déi Suen ze spueren.
Eng nei, permanent, Struktur fir d'Iwwernuechten ass am gaange gebaut ze ginn, och um Findel. Am Hierscht soll déi nei Struktur fäerdeg sinn.
De Charel Schmit ass och op d'Kritik agaange vun der Mënscherechtskommissioun, datt Leit ouni Pabeieren an déi net laang am Land sinn, eréischt an den Nuetsfoyer dierfe bei minus 3 Grad. Dat wär eng Virsiichtmesure, déi et zanter dësem Joer gëtt, decidéiert vum Familljeministère. Et misst ee sech eben umellen an ausweisen. Et gëllt och net fir déi Leit ouni Pabeieren, déi ee souzesoe kennt, déi vu Streetworker betreit ginn.
D’Wanteraktioun um Findel ass zanter bal engem Mount am gaangen, a se ass och schonns gutt besicht.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.