
Am Ganzen hunn 90 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 85,5 Joer.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 15 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.784. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.062 Residenten.
Vun den 3.784 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.213 geheelt, 481 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 42.643 Tester gemaach. Zanter e Mëttwoch waren et der 885 an dovunner waren der 15 positiv.
Aktuell sinn 124 (-12) Patienten hospitaliséiert, 23 (+2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 829 (+19) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
