Iwwert de Weekend151 Corona-Infektioune bei 1.421 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.123 bliwwen ass.
© RTL

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell si siwe Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass keng Persoun a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.217 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 1,91 Prozent. Vun 315 PCR-Tester waren der e Sonndeg 6 positiv. E Samschdeg goufen 63 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 82.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO