
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 168 positiv geteste Patienten. Dovu sinn 2.099 Residenten an 388 Patienten Non-Residenten.
1.402 Tester sinn an de leschte 24 Stonnen duerchgefouert ginn, confirméiert d’Santé an hirem neiste Bulletin en Donneschdeg. Am Ganze waren et der bis ewell 20.092.
Europawäit ass d’Zuel vun Infektiounen, déi diagnostizéiert goufen, en Donneschdeg op iwwert 500.000 Fäll an d’Luucht gaangen. Virun allem a Spuenien ass d’Situatioun ganz grave, mat elo méi wéi 10.000 Doudegen. Bei eise Noperen an der Belsch huet d’Santé iwwerdeems confirméiert, dass méi wéi 1000 Affer ze bekloe wieren.
Weltwäit gesi beweegen mer eis a grousse Schrëtt op de milliounsten Infektiouns-Fall duer.
