Police-Bulletin2 Automobilisten a Schlaangelinnen ënnerwee - Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt dräi Chaufferen, déi an der Nuecht op e Freideg ënner Alkoholafloss mam Auto gefuer sinn an de Fürerschäin hu missen ofginn.
© Police Archivbild

An der Rue des Sources an der Stad war enger Patrull géint 23.30 Auer en Auto opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Bei der Kontroll ass kloer ginn, datt d’Automobilistin ze vill gedronk hat. Den Test ass deementspriechend positiv ausgefall an de Permis gouf agezunn. Donieft louch e Fuerverbuet géint d’Fra vir an d’Steiervignette war net méi valabel, wouduerch de Won saiséiert gouf.

Op der N12 war der Police e weidere Auto a Schlaangelinne gemellt ginn, deen och schonn iwwert eng Verkéiersinsel gefuer wier. Och hei ass bei der Kontroll en ze héijen Alkoholpeegel festgestallt ginn, wouropshin d’Automobilistin hire Fürerschäin huet missen ofginn.

Donieft krut d’Police eng Kläpperei tëscht enger Partie an der Rue Jean Fischbach zu Leideleng gemellt. Wéi d’Beamten op der Plaz ukomm waren, huet sech erausgestallt, datt ee vun de Bedeelegten ënner Alkoholafloss mam Auto gefuer ass. Beim Test ass en ze héijen Alkoholwäert erauskomm an de Permis gouf agezunn. Och hei hat de Chauffer keng gülteg Pabeieren an huet den Auto misse stoe loossen.

Back to Top
CIM LOGO