CGDIS2 Blesséierter bei Accident zu Esch

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 22.20 Auer sinn zu Esch am Rond-point Raemerich 2 Autoen net laanschtenee komm.
© CGDIS

2 Persoune goufe bei deem Accident liicht blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch waren op der Plaz.

E Sonndeg am fréien Owend géint 17.45 Auer goufe et och en Accident mat 2 Autoen zu Bieles an der Route d'Esch. Heibäi gouf eng Persoun liicht verwonnt. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng goufen an den Asaz geruff.

E Méindeg de Mëtteg da koum et géint 15.30 Auer zu Rëmeleng an der Rue de l'usine zu enger Kollisioun tëscht engem Camion an engem Auto. 2 Persoune goufe verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO