Strammen Agenda fir Schluss vum Krisenzoustand2 Covid-19-Gesetzer sollen 22. Juni gestëmmt ginn

Roy Grotz
Iert den Etat de Crise de 24. Juni op en Enn geet, soll d'Situatioun duerno iwwert Gesetzer gereegelt ginn.

Eenzel Reegelen, déi d'Regierung ënnert dem Etat de Crise ouni d'Zoustëmmung vum Parlament agefouert huet, sollen och iwwert de Schluss vum Krisenzoustand eraus bestoebleiwen, engersäits fir d'Verbreede vum Corona-Virus ze suivéieren an a Grenzen ze halen, anerersäits fir d'ekonomesch Repercussioune vun der Kris ze begleeden.

Covid-Gesetzer/Reportage Roy Grotz

Bis dohinner presentéiert sech den Deputéierten e serréierten Agenda - an do interesséiere jo absënns déi verschidden, och deelweis ëmstridden, Dispositiounen aus den 2 COVID-19-Gesetzestexter.

D'Chamberkommissiounen, déi sech mat dësen Texter befaassen, stinn ënner Zäitdrock, well d'Avise mussen textuell integréiert ginn, an et och gëllt op d'Objektiounen a Kriticke vun der Oppositioun anzegoen. Besonnesch gefuerdert sinn d'Kommissioune vun der Santé, den Institutiounen an der Justiz.

Am Regierungsrot um Freideg gouf dann och nach eemol u Prezisioune fir d’Texter geschafft, déi nom 24. Juni gëllen.

Wéinst dem Zäitdrock kënnt och e wéineg spezielle Chamber-Agenda fir déi nächst 2 Wochen eraus: d'nächst Woch kënnt d'Chamber op 4 Deeg beieneen, inklusiv an exzeptionell um Samschdeg Moien. Zum Vott stinn net manner wéi 16 Gesetzprojeten.

An deem Rhythmus geet et dann an der Woch vum Nationalfeierdag weider: um 22. Juni, Méindes, kommen d'Deputéiert moies an nomëttes beieneen, wou dann, sou ze soen als kréinenden Ofschloss, nomëttes déi 2 COVID-19-Gesetzer zum Vott stinn.

Dat geschitt deemno um leschtméiglechen Dag deen dran ass.

PDF Schreiwes CSL

Back to Top
CIM LOGO