
Aktuell sinn 69 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.088.231 Impf-Dosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 387,25 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 312,05 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.