Am Lokalen2 Foussgänger an ee Cyclist ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg den Owend bis e Samschdeg de Moie goufen et eng Partie Accidenter uechter d'Land. De Bilan sinn 9 Blesséierter.

Kuerz viru 17 Auer krut en Automobilist zu Munneref an der Avenue J.F. Kennedy e Foussgänger ze paken. E Vëlosfuerer gouf ëm déi selwecht Zäit an der Stroossbuerger Strooss op der Gare ugestouss. Béid Persoune goufe blesséiert.

Op der A4 op der Brëtelle a Richtung Péiteng sinn 2 Gefierer géint 17.13 Auer net laanschtenee komm, 1 Persoun gouf verwonnt. 3 Blesséierter goufen et bei engem Accident op der A6 zu Mamer op der Héicht vun der Aire de Capellen.

Zu Hielem an der Lëtzebuerger Strooss gouf um 20.17 Auer eng Fra vun engem Auto um Zebrasträifen ugestouss a blesséiert. D'Automobilistin koum wéinst engem Schock an d'Spidol.

E Samschdeg de Moie géint 4.37 Auer ass e Chauffer zu Rëmeleng mat sengem Auto géint eng Mauer gerannt. Hie gouf blesséiert an huet missen an d'Spidol bruecht ginn. D'Police deelt mat, dass de Alkoholtest positiv war, e Protokoll gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO