
Béid Affer si bei der Kräizung Avenue de la Porte Neuve mam Boulevard de la Foire vun engem Grupp Jonker am Alter tëscht 16 an 18 Joer ugegraff ginn. Wéi d'Police preziséiert, wier de Grupp opfälleg ugedoe gewiescht, si haten alleguer déi selwecht Loftballone bei sech a Kaputzepulloveren, sougenannten Hoodies, a Gileten un.
D'Police schreift weider, dass dee Grupp schonn am Laf vum Dag duerch änlech Handlungen negativ opgefall ass.
Ee vun de Jugendlechen, deen attackéiert gouf, huet missen am Spidol versuergt ginn.
D'Police sicht elo no Zeien, déi d'Dot gesinn hunn oder eppes zur Identitéit vun den Täter kënne soen. Sämtlech Informatioune si fir d'Stater Police um (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.