Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Neiinfektiounen, Zuel vun Doudesaffer bleift onverännert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 101 bleift.

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. Vun den 101 Doudesaffer si 65 Prozent am Spidol gestuerwen. 56 Prozent si Männer a 44 Prozent si Fraen.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 2 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.888. Vun den Infizéierte sinn der 3.148 Residenten.

Vun den 3.888 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.602 geheelt, 185 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 55.415 Tester gemaach, 165 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.

Aktuell si 86 (-6) Patienten hospitaliséiert, 18 (+4) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 883 (+4) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,995.

Back to Top
CIM LOGO