Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Persoune gestuerwen, vun 3.286 Tester waren der 246 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ass en Dënschdeg ëm zwou Persounen op 842 geklommen.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 23 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 7 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 800.633 Impf-Dosisse genotzt. 723 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 458 Persoune war et déi 2. Impfung. 413.233 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO