
D'Police huet antëscht Präzisiounen iwwert den Accident an der Stad um Boulevard Royal ginn. Dobäi waren zwou Persounen ugestouss a blesséiert ginn.
An der Nuecht op en Dënschdeg um 1 Auer wollten zwee Foussgänger bei Gréng iwwert d'Strooss goen, ma en Automobilist hat d'rout Luucht iwwersinn an huet d'Leit mat ewechgerappt.
Eng Persoun gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert, déi aner méi liicht.
De Chauffeur huet sech allerdéngs nom Ongléck net ëm d'Affer gekëmmert, mä ass einfach weidergefuer.
Een Aenzeie konnt awer der Police d'Plack vum Auto soen.
De schëllege Chauffeur gouf vun de Beamten zu Käerjeng fonnt. Hien hat ze vill Alkohol gedronk. Säin Auto gouf saiséiert, hie selwer kënnt virun den Untersuchungsriichter.
Ëm déi Blesséiert hu sech de Samu vun Esch an zwou Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer gekëmmert.