Schlëmmste Fligeraccident zu Lëtzebuerg20 Joer nom Luxair-Accident: E Réckbléck op den Onglécksdag a seng Suitten

Serge Pauly
Et ass elo genee 20 Joer hier, datt zu Lëtzebuerg eng Fokker 50 vun der Luxair erofgefall ass.
20 Joer nom Luxair-Accident: E Réckbléck op den Onglécksdag
Et ass elo genee 20 Joer hier, datt zu Lëtzebuerg eng Fokker 50 vun der Luxair erofgefall ass.

19 Passagéier an dräi Membere vum Equipage ware moies zu Berlin-Tempelhof fortgeflunn, um 10.15 Auer sollt de VOL 9642 um Findel landen. Mä et koum anescht.

20 Joer nom Luxair-Accident / Dany Rasqué

Iwwert dem Grand-Duché war décken Niwwel. Et waren ongënschteg Konditioune fir ze landen, och wann d’Maschinn fir esou Situatiounen equipéiert war an de Pilot an de Co-Pilot déi néideg Formatiounen haten.

Ëm 10 Minutten op 10 ass de Fliger vun de Radare verschwonnen, wéi en iwwert engem Feld tëschent Nidderaanwen a Rued-Sir erofgefall ass.

© RTL-Archiv

D’Leit op der Plaz goufen Aenzeie vu schrecklechen Zeenen. Ënnert hinnen och de fréieren RTL-Journalist Paul Zenners. Hie stoung 150 Meter vun der Onglécksplaz ewech an huet beschriwwen, wat e gesinn huet.

D’Maschinn ass komplett zerstéiert an zum Deel och ausgebrannt. D’Fuerwierk, also d’Rieder vun der Maschinn, hunn d’Rettungsekippen hei op der Strooss fonnt, wéi se géint 10.15 Auer hei ukoumen. D’Stécker, d’Debrise vun der Maschinn, sinn an nach engem Ëmkrees vu ronn 100 Meter ze fannen.

© RTL-Archiv

Nom Accident waren eng Rei Vertrieder aus der Regierung op der Plaz, notamment den deemolege Premier Jean-Claude Juncker, dee mat enger ganz kuerzer Ausso beschreift, wéi schlëmm dat war, wat hie gesinn huet.

Ech hu mer dat vun ze vill no ugekuckt, ech hätt besser gehat, dat net ze maachen.

Kuerz nom Accident huet d’Protection civile gemellt, datt et vill Doudesaffer géife ginn an dat huet den deemolegen Inneminister, de Michel Wolter kuerz drop op enger Pressekonferenz zu Nidderaanwen confirméiert.

Déi lescht Informatiounen, déi mer haten, dat ass, datt 16 Leit dout waren an datt nach 6 Leit gelieft hunn, wéi se elo fort transportéiert gi sinn an d’Spidol. Mir hunn allerdéngs keng Eenzelheeten driwwer, wien nach lieft a wien net méi lieft. Dofir kënne mer den Ament och nach keng Lëschten erausginn, well der jo verstitt, dass een elo fir d’éischt muss de Point maachen.

Déi sechs Leit, déi iwwerlieft haten, sinn op verschidde Spideeler verdeelt ginn, dorënner de Centre hospitalier.

D’Yvonne Kremmer aus der Cellule d’information médicale aus dem CHL huet beschriwwen, datt deen éischte Passagéier aus dem Fliger, deen ageliwwert gouf, ganz schlëmm dru war.

En ass hei nach geröntgt ginn, fir ze kucken, wéi uerg d’Knachebrëch an notamment de Kapp betraff war. En ass och nach en catastrophe operéiert ginn, mä leider ware seng Blessuren esou schlëmm, dass en d’Saach net iwwerlieft huet.

Um Enn hu just zwee Mënschen dësen Accident iwwerlieft. De Pilot an ee Passagéier aus Frankräich. Ënnert den Doudege ware 15 Däitscher, ee Fransous a 4 Lëtzebuerger.

© RTL-Archiv

10 Joer nom Accident gouf de Pilot, deen iwwerlieft hat, zu 42 Méint Prisong op Sursis verurteelt. De Chef vum Service technique krut 18 Méint Prisong op Sursis, zwee Kaderen aus dem technesche Service waren zu 24 Méint op Sursis verurteelt ginn.

Als Ursaach fir den Accident gouf e Pilotefeeler festgehalen, gekoppelt un en technesche Problem mam System vun der Maschinn. Nom Accident sinn d’Spekulatiounen op Héichtoure gelaf. Äntwerte sollten déi zwou Blackboxe liwweren, déi vu Spezialisten zu Paräis analyséiert goufen. Zwee Deeg nom Accident huet de Parquet éischt Resultater verëffentlecht. D’Analys vun den technesche Parameter géif weisen, dass déi zwee Motore kuerz virun der Landung fir d’éischt séier u Leeschtung verluer hätten an du ganz ausgaange wären.

Den 10. November 2002 goufen um Site déi leschte Stécker vum Fliger geraumt, a Lëtzebuerg huet getrauert. Eng Staatstrauer. Fändelen op Hallefmast, e groussen ökumenesche Gottesdéngscht an der Kathedral, wou ënnert anerem d’Nimm vun den 20 Affer virgelies goufen.

Gedenkzeremonie um Sonndeg

De Sonndeg de Moie war eng Gedenkzeremonie fir d’Famill a Frënn vun den Affer op der Onglécksplaz, op Invitatioun vum Transportminister François Bausch an der Luxair. Do erënnert eng Gedenktafel un déi 20 Verstuerwen. Op der Plaz waren och d’Familljeministesch Corinne Cahen, déi och responsabel ass fir d’Groussregioun an de Buergermeeschter vun Nidderaanwen Raymond Weydert mam Schäfferot. Et wier wichteg, och 20 Joer nom schrecklechen Accident un déi ze denken, déi op tragesch Aart a Weis gestuerwe sinn, gëtt de François Bausch an engem Communiqué zitéiert. Den Accident hätt d’Luxair gezwongen, d’Sécherheetsbestëmmungen a Fro ze stellen an zousätzlech Precautiounen ze huelen, fir datt sech näischt méi sou widderhëlt, sou de Generaldirekter vun der nationaler Fluchkompanie Gilles Feith.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO