
Fir d’Crew wäert net just technesch, ma och emotional een erausfuerderende Moment ginn. “Feiere kënne mer eréischt, wann d’Crew sécher op dem Schëff ass”, sot e Freideg de stellvertriedenden Nasa-Administrateur Amit Kshatriya. Wann alles gutt geet, landen d’Astronauten ëm 2.07 Auer eiser Zäit (17.07 Auer Lokalzäit) am Pazifeschen Ozean virun der Küst vun der US-Stad San Diego. Vun do aus gi si dann op d’Schëff USS John P. Murtha bruecht. U Bord gëtt d’Crew da medezinesch ënnersicht, éier d’Astronauten dann an den “Nasa Johnson Space Center” zu Houston weiderfléien.
De Réckfluch wäert d’Astronauten an hiert temporäert Doheem extreem belaaschten: D’Raumkapsel soll eng Héchstgeschwindegkeet vun zéng Stonnekilometer pro Sekonn erreechen, wat ongeféier 30 Mol méi séier wéi d’Schallgeschwindegkeet ass. Ronn 13 Minutte soll d’Chute zeréck op d’Äerd daueren.
Wann d’Orion-Raumschëff nees an d’Äerdatmosphär antrëtt, wäert et Temperature vu ronn 2.800 Grad ausgesat sinn. Minuttelaang wäert d’Kommunikatioun zu der Kapsel deen Ament ofbriechen. Den Astronaut Victor Glover, dee bei der Missioun derbäi ass, sot, den Äerdantrëtt wier “wéi wann een ee Feierball duerch d’Atmosphär géif reiden.” Eng Rei Fallschiermer sollen duerno hëllefen, d’Vitess vun der Kapsel erof op just nach ronn 30 Stonnekilometer ze kréien, esou datt se sécher an d’Mier fale kann.
Bei engem Testfluch hat et scho Probleemer mat dem Hëtztprotektioun ginn. D’Nasa huet doropshin d’Struktur vum Hëtzschëld geännert an huet och eng nei Route ausgewielt, iwwer déi d’Kapsel nees an d’Atmosphär soll antrieden.
D’US-Astronaute Reid Wiseman, Victor Glover a Christina Koch, genee wéi de Kanadier Jeremy Hansen, haten hir Missioun den 1. Abrëll ugefaangen. Am Kader vun hirer Missioun ware si op engem Punkt esou wäit vun der Äerd fort, wéi soss nach ni ee Mënsch virdrun. Si hunn ausserdeem wichteg wëssenschaftlech Donnéeë gesammelt, fir zukünfteg Missioune mat Mënschen op de Mound ze preparéieren.