Wéinst de brutalen Iwwerfäll an der Lescht20 Poliziste ware fir eng grouss Kontroll an der Stad ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de brutalen Déifställ, déi et an de leschte Wochen an der Stad Lëtzebuerg gouf, hat d'Police e Mëttwoch geziilt Kontrollen duerchgefouert.
© RTL Archiv

Eng 20 Beamte waren an der Haaptsaach an der Uewerstad an am Garer Quartier ënnerwee. Dräi Persounen, déi kontrolléiert goufen, waren illegal am Land. Géint eng Persoun gouf et een Areesverbuet. Déi zoustänneg Servicer vum Ausseministère a vun der Police judiciaire goufen informéiert.

Et et goufen 3 Protokoller wéinst Drogebesëtz an Drogekonsum geschriwwen. D'Police seet, se wier weiderhi preventiv a repressiv ënnerwee, fir weider Kontrollen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO