
E Gebuertsdag, deen och nach emol eng wichteg Plaz am Rapport d'activité fënnt, dee rezent publizéiert gouf.
An de leschte 25 Joer huet sech vill gedoen, seet den Direkter vun Info-Handicap, den Olivier Grüneisen. Zum Beispill, wat d'Accessibilitéit betrëfft - och wann nach net alles 100% esou wier, wéi et misst sinn:
„D’Zich, d’Bussen an haaptsächlech d’Stad Lëtzebuerg si sou gutt wéi méiglech accessibel. Et gëtt och den Adapto fir déi Leit, déi wierklech net mam ëffentleche Bus kënne kommen. Dat si Saachen, déi an de leschte 25 Joer organiséiert goufen, och wann nach net alles perfekt ass. Och den Tram ass accessibel, deen ass jo d’lescht Joer komm."
Eppes, wat de Leit mat Behënnerung an Tëschenzäit vill virunhëlleft ass de Computer a soss Technik.
Dokumenter sinn zum Beispill iwwert dee Wee méi accessibel a Mënschen, déi net gutt oder guer net gesinn, kënne sech haut mat verschiddenen Appen oder Braille-Apparater virunhëllefen.
Ma och wa sech d'Situatioun fir Leit mat enger Behënnerung an de leschte 25 Joer verbessert huet, ass nach net alles sou wéi et sollt.
Grouss Erwaardungen huet Info-Handicap zum Beispill an en neit Gesetz iwwert d'Accessibilitéit.
„Do wäerte wahrscheinlech Saache fir d’Zukunft verbessert ginn. Zum Beispill a Saache Logement, d’Accessibilitéit ronderëm an d’Praxissen. Mir hoffen och, datt verschidde Saache réckwierkend sinn – zum Beispill, datt verschidde Gebaier, déi net behënnertegerecht sinn, mussen ugepasst ginn."
Da betount den Direkter vun Info-Handicap, datt d'Accessibilitéit iwwerall am Land méi muss garantéiert sinn an net just an der Stad Lëtzebuerg.
Den Olivier Grüneisen erwaart sech och vill vun der Reform iwwert d'Tutellen. Do gëtt et den Ament e Gesetz, dat vun 1982 ass an dringend muss iwwerschafft ginn. Dat wier awer eppes, wat den Ament immens géif schleefen.