Chamber"2019 gëtt e wichtegt Joer an dat net zulescht wéinst den Europawalen"

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Chamberpresident Fernand Etgen e Méindeg op der Neijoerschreceptioun vun der Chamber ënnerstrach.

Deen ambitiéise Regierungsprogramm, esou den éischte Bierger vum Land, bréngt et mat sech, datt vill Aarbecht op d’Chamber duerkënnt, zum Beispill mat der Sensilibiséierungscampagne fir de Referendum iwwert déi nei Verfassung.

Chamber/Reportage Dany Rasqué

Et wier wichteg, datt d’Leit d’Ännerunge gutt, ausféierlech a richteg erkläert kréichen.

Eng aner Prioritéit um Krautmaart ass, d’Proposen ëmzesetzen, déi d’lescht Joer nom Audit gemaach goufen, wéi sech erausgestallt huet, datt d’Informatik an der Chamber net sécher ass, an da soll och un engem neien Internetsite geschafft ginn, well deen hat de Generalsekretär Claude Frieseisen sech eigentlech scho fir den Ufank vun dësem Joer gewënscht.

Iwwregens huet de Generalsekretär vun der Chamber och drun erënnert, datt Lëtzebuerg fir déi nächst zwee Joer d’Presidence vum Benelux-Parlament huet.

D’Chamber organiséiert dann am Juli, mat der Assemblée parlementaire vun der OSCE, och eng gréisser international Veranstaltung, do gëtt mat 600 bis 700 Gäscht gerechent.

D’Ried vum Chamberpresident (7.1.2019)

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

léif Mataarbechterinnen a Mataarbechter hei aus der Chamber, de Fraktiounen, dem Groupe technique an der Sensibilitéit,

Membere vun der Presidentekonferenz a vum Bureau - dorënner mäi Virgänger als Chamberspresident,

Här Minister fir d’Relatioune mam Parlament - mäi Successeur op dësem Posten an der Regierung - a seng Mataarbechter,

Vertrieder vun der Press.

Virop wëll ech Iech alleguer an awer och Äre Familljen, nëmmen dat Bescht fir dëst neit Joer wënschen, vill Energie a Satisfaktioun bei der Aarbecht, vill schéi Momenter an der Famill an eng ganz gutt Gesondheet.

Ech wënschen eis all, déi zur grousser Famill vun an ëm déi éischt a wichtegst Institutioun zielen, an déi direkt oder indirekt zum gudde Fonctionnement vun eisem Parlament bäidroen, eng glécklich Hand bei eisem Schaffen a Wierken am Alldag, eng anstänneg Portioun Engagement, Idealismus, Fangerspëtzegefill gekoppelt mat enger positiver Liewensastellung.

Dir Dammen an Dir Hären,

Den Neijoerschdagsempfang ass dee Moment, wou een op dat vergaangent Joer zeréckkuckt an op dat komment Joer een Ausbléck wot.

Wann ech ganz kuerz op d’Joer 2018 hei zu Lëtzebuerg zréckkucken, da fale mir spontan e puer Evenementer an.

Virop d’Legislativwahlen, ee vun de wichtegste Rendez-vousen an enger Demokratie, well mir deenen, déi eis gewielt hunn, entgéint trieden an eis virun hinne musse veräntwerten.

Mir hunn elo an der Chamber siwe verschidde Parteien, wat bis elo net esou heefeg war, mee ganz positiv ass. Dat reflektéiert de Pluralismus an eiser Gesellschaft.

D’Zesummesetzung vun der Chamber ass méi villfältig ginn. Vill jonk Leit hunn de Sprong an d’Chamber gepackt. Grad an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt, an an enger Zäit, déi sech ëmmer méi séier verännert, hu vill Leit Angscht virum Tempo vum Changement. Et sinn déi Jonk, déi mat erfrëschenden Iddien, mat Begeeschterung a Kraaft, virun allem awer mam néidige Selbstvertrauen, nit fäerten, fir grouss a wichtig Dossieren unzepaken. Dat stëmmt mech optimistisch fir d’Zukunft.

Nei Iddien a Meenunge wäerte sech zu deene méi agesiessene Meenunge gesellen a sécherlech en erfrëschenden Effekt hunn.

D’Gesamtheet vun eise kontroversen Ausenanersetzungen an der Chamber wäert esou zu enger lieweger Demokratie an eisem Land bäidroen. Et ass an dësem Haus, wou déi parlamentarisch Demokratie lieft, belieft gëtt an erlieft muss ginn.

Bei deene méi battere Momenter vun 2018 denken ech ënnert anerem un en tragescht Evenement, wat d’lescht Joer am Mount Mee heibannen stattfonnt huet, nämlech wéi de Kolleeg Camille Gira während senger Interventioun e Malaise kritt huet an uschléissend am Spidol verscheet ass. Hie wäert eis nach laang an Erënnerung bleiwen.

Dir Dammen an Dir Hären,

2019 wäert eemol méi e wichtegt Joer fir Europa ginn an dat net zulescht wéinst den ustoenden Europawahlen, wou ech mir wënschen, datt sech do stabil Allianzen erauskristalliséieren, fir datt d’Europaparlament gutt funktionéiere kann an datt déi Problemer, déi an Europa nach opstinn, enger Äntwert zougefouert kënne ginn.

Wa mir kucken, wat alles de Moment an Europa lass ass, da brauche mir erëm eng efrëschend PRO-EUROpäesch Stëmmung. An do well ech kloer soen, datt Europa eis all eppes ugeet an dofir musse mir och hei an der Chamber den Europadossieren an eiser Aarbecht eng ugemiesse Plaz zoukomme loossen.

Europa ass a bleift e geniale Projet, fir deen et derwäert ass, all Dag op en neits sech anzesetzen, jo ze kämpfen.

Dir Dammen an Dir Hären,

An der leschter Legislaturperiod ass vill geschafft ginn. D’Chamber huet bis Enn Juli siegéiert, fir d’Aarbechte fäerdeg ze kréien.

Am Regierungsprogramm steet, datt en ambitiéis ass. Dat heescht och, datt vill Aarbecht op d‘Chamber duer kënnt. Zanter dem 6. Dezember ass d’Chamber erëm voll asazbereet, d’Kommissiounen hunn direkt ugefaang mat schaffen an hunn elo hiren normale Rhythmus erreecht.

Fir senger Aufgab als legislative Pouvoir gerecht ze ginn - ech hat et schonns a menger Untrëttsried erwäänt – brauchd’Chamber intern an extern Expertise. Et geet drëm, d’Aarbecht an de parlamentaresche Kommissiounen nach besser virzebereeden, well d’Gesetzer an d’Reglementer an alle Beräicher ëmmer méi technesch a komplex ginn. Mir brauchen, niewent den externen Experten, op déi mir an der Vergaangenheet schonns emol zeréck gegraff hunn, och eegen Experten, déi eis Deputéiert bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen.

D’Chamber huet donieft jo och eng Kontrollaufgab. Si muss d’Regierung kontrolléieren. Engersäits fir ze kucken, datt alles richteg ofleeft an anerersäits, fir Verbesserungen a Reformen ze proposéieren. Dofir muss d’Chamber d’Evaluatioun an de Suivi vun der Ëmsetzung vun de Gesetzer maachen. An dofir brauch d’Chamber weider Mëttel.

Et geet net drëm per force eppes Negatives doranner ze sichen. Mee et geet drëm, no enger Zäit ze kucken, ob een dat Zil, wat ee sech gesat hat, mat deene Mëttelen, déi een hat, erreecht huet.

Dir Dammen an Dir Hären,

De wichtege grousse Rendez-vous wäert sécher de Referendum iwwert déi nei Verfassung sinn.

Déi Verfassung ass enorm wichteg fir eist Land. Si ass eist Grondgesetz a steet deementspriechend iwwer all deenen anere Gesetzer.

Den Text, deen elo do läit, ass d’Resultat vun iwwer 13 Joer parlamentarescher Aarbecht a verschiddene Consultatiounen vun de Leit hei am Land. D’Institutiounekommissioun huet hei eng Herkulesaarbecht geleescht.

Nodeem d’Commission de Venise, dat konsultatiivt Organ vum Conseil de l’Europe, wat sech ëm verfassungsrechtlech Froe bekëmmert, am Dezember 2009 schonn en Avis ofginn hat, hunn d’Membere vun der Institutiounekommissioun zejoert decidéiert, nach en Avis bei der Commission de Venise ze sollicitéieren, well den Text sech jo awer an deene leschten 9 Joer vill geännert huet.

Dofir kënnt d’Commission de Venise am Februar nach emol op Lëtzebuerg. Den neien Avis kéint da wahrscheinlech am Mäerz kommen.

Politesch gesinn, gëtt et e breede Konsens um neien Text.

Mam neien Text wäert eist Land eng modern Constitutioun vum 21. Joerhonnert kréien, déi der politescher Realitéit an och eiser Gesellschaft Rechnung dréit an zolidd Garantien a Saache Rechter a Fräiheeten vun de Bierger beinhalt.

Et ass elo un der Chamber, fir de Referendum, dee nom Vott an der Chamber wäert organiséiert ginn, gutt virzebereeden. Et ass dofir wichteg, datt d’Leit dobaussen d’Ännerungen an der Verfassung gutt, ausféierlech a richteg erkläert kréien a kënne matdiskutéieren.

Dofir wäert d’Chamber eng Sensibiliséierungsphas an d’Wee leeden. Wéi dat genee wäert ausgesinn, wäerte mir an den nächste Wochen intensiv virbereeden.

Wéinst der Wichtegkeet vun dësem Projet wäerte mir eis vun Experte berode loossen, fir eis eng kloer Strategie ze ginn. Am Januar huet d’Conférence des Presidents wëlles iwwer déi weider Schrëtt ze beroden.

Léif alleguer,

Ech si richtig begeeschtert mat Iech all zesummen eng kräftig Hand hei mat unzepaken fir all dës Erausfuerderungen 2019 unzegoen.

An elo stousse mir un, op all déi, déi an, fir a ronderëm déi éischt Institutioun vum Land schaffen an op vill schéin a positiv Momenter am Joer 2019.

Back to Top
CIM LOGO