
Fir datt de Betrib konnt weider lafen an d'Mataarbechter protegéiert ginn, hunn e puer Ännerunge missen ëmgesat ginn.
Fir d'Sécherheet vun de Bierger a vun de Mataarbechter a Pandemie-Zäiten ze garantéieren a gläichzäiteg d'Stad propper ze halen, huet de Service Hygiène sech missen ëmstellen, seet den zoustännege Schäffen an der Stad Lëtzebuerg Patrick Goldschmidt.
„Wéi ma d'lescht Joer dunn an déi Kris komm sinn, hu ma de ganze Site misse reorganiséieren, d'Ekippen opdeelen, dass Leit net alleguer zesummen hei uewe sinn, mir hu misse Vestiairë bäikréien. Mir hunn d'Ekippe misse geographesch delokaliséieren, mir hunn dofir gesuergt, dass an den Camionen ëmmer nëmmen eng Persoun géing fueren, anerer sinn hannendrun gefuer an engem Auto, dofir hu ma och nach zousätzlech Autoe gelount, déi ma och nach den Ament gelount hunn bis Enn dës Joers.“
Wéi aus dem Joresrapport vun 2020 ervirgeet, gouf zejoert ronn 10 Prozent manner Knascht gemaach, wéi nach 2019. Ee Grond dofir gesäit de Patrick Goldschmidt am Confinement an am Teletravail.
E groussen Deel vun de Frontaliere wieren déi Zäit Doheem bliwwen, grad wéi Leit, déi nëmmen an der Woch zu Lëtzebuerg wunnen.
Beim Pobeier- a Kartrongsoffall gouf bei de Stéit, wéi och bei de Commercen zejoert eng Baisse festgestallt. Et gouf och manner Glas agesammelt. Dofir hunn d'Leit awer méi an d'Recycling Zenteren an an d'Containere bruecht. Well d'Containere wärend der Pandemie dacks voll waren, ass et dann och zu enger Hausse vum illegalen Dreck komm. Wie sech dobäi erwësche léisst, ka protokolléiert ginn.
„E groussen Deel vun de Leit wëssen dat net, dass dat ee Problem fir eis duerstellt, mee et stellt e Problem fir eis duer, well déi Containeren, déi do ofgestallt sinn, gi mat Camionen enger Aart Kran opgehuewen an dann eidel gemaach ob engem Camion an da rëm eidel zréckgestallt an dat maache ma quasi bei all Statioun 7 Deeg op 7 a se sinn awer ëmmer erëm voll.“
De Service Hygiène huet ënnert anerem festgestallt, datt den Taux de Recyclage konstant klëmmt. Fir de Januar 2022 gëtt geplangt, Member beim Minette Composte ze ginn, mat der Erwaardung, datt nach méi recycléiert gëtt.
Wat Elektromobilitéit ugeet, huet sech den Hygièneservice zanter zejoert 6 Elektrovëloen, 2 Cargovëloen, 6 Elektroautoen an nach aner Gefierer ugeschaaft. An den nächste Méint wëll een dann och op elektresch Drecksween ëmklammen.