
Den 10. September hate mer eng gréisser Stroumpann hei am Land. An enger parlamentarescher Fro wëll den CSV-Deputéierte Marc Spautz wëssen, wat d’Hannergrënn waren.
An der Nuecht vum 10. September, kuerz viru 4 Auer war zäitgläich op zwou Plazen am Creosnetz en Defekt op engem an dem selwechte Mëttelspannungsstrang. Betraff vun dëser Kabelpann waren zu Diddeleng 14 Mëttelspannungsposte mat iwwer 1.000 Uschlëss, déi ausgefall sinn. De betraffene Kabel ass aus den 1980er Joren an um Programm fir am Joer 2023 gewiesselt ze ginn.
Zesumme mam Dispatching hunn d’Creos-Leit vun der Permanence op der Plaz de Feeler isoléiert a fräigeschalt, fir uschléissend d’Posten an d’Clienten nees an Etappen un d’Netz ze huelen. Alles an Allem huet d’Stroumpann 4 Stonne gedauert.
Zwee Deeg drop gouf et een neie Stroumausfall zu Diddeleng. Deen Ausfall huet eppes iwwer eng Stonn gedauert a méi wéi 1.000 Uschlëss concernéiert.
An et gouf och soss Tëschefäll um Stroumreseau. Den 10. September dëst Joer huet en Aascht zum Beispill an enger Fräileitung tëscht Holz a Pärel an der Gemeng Rammerech fir en Declenchement am Héichspannungsposten zu Réiden gesuergt.
Vu Januar 2021 bis August 2021 gouf et 446 Stroumpannen, déi am Schnëtt 167,33 Minutte gedauert hunn, esou den Energieminister Claude Turmes. Am selwechten Zäitraum 2022 ass d’Zuel vun de Pannen op 416 erofgaangen an och d’Dauer goung op 153,76 Minutte/Pann erof.
