
Et war awer net vu laanger Dauer. Et huet nämlech ewéi aus Eemere geschott a mir hunn eis séier ewech gemaach. An den Ateliere vum “Train 1900" si mir ënnerdaach komm a konnten do eist Gespréich weiderféieren.
“Vum Physiker zum Klimatolog”
Physiksproff wollt den Andrew Ferrone ugangs ginn. Déi éischt Coursen an der Klimatologie hunn de jonke Mann dunn awer esou faszinéiert, dass hien no sengem Master an der Physik nach en Doktorat an der Klimatologie gemaach huet. Dat sinn elo 15 Joer hier. An der Belsch, zu Louvain–la–Neuve, huet den Andrew Ferrone studéiert.
Eng Zäit laang huet den haut 41 Joer ale Mann zu Karlsruhe an der Recherche geschafft. Duerno koum hien op Lëtzebuerg zréck, wou de Klimatolog du beim “Luxembourg Institute for Science & Technology” säi Brout verdéngt huet.
Zanter mëttlerweil bal 8 Joer ass den Andrew Ferrone Chef vum Service Meteo bei der ASTA (Administration des Services Techniques de l’Agriculture).
“D’Meteo ass dat, wat mir all Dag erliewen”Sou den Andrew Ferrone. Previsioune fir d’Meteo kéint een net méi wäit ewéi eng bis zwou Wochen am viraus maachen. “Méi wäit kann een an eise Breedegraden net an d’Zukunft kucken”, esou de Klimatolog.
D’Klimatologie ass dogéint eng statistesch Auswäertung vun der Meteorologie. “Mir kucken hei laangfristeg, mindestens iwwer Periode vun 30 Joer wéi sech d’Klima an enger gewësse Regioun verhält.”
De Klimawandel kréie mir net vun haut op muer gestoppt. Esou den Andrew Ferrone. D’Emissioune wäerten an d’Luucht goen. “2023 gëtt et en neie Rekord wat d’Emissiounen un Zäregasen ugeet”, dat seet eis de Klimatolog am RTL-Interview. Zil ass et jo, déi 1,5 Grad z’areechen. Méi dierften Temperaturen net klammen.
“2023 war dat wäermste Joer zanter 125.000 Joer”
De Lëtzebuerger Klimatolog ass formell. 2023 war waarm. Weltwäit goufen et vill Bëschbränn an extrem Nidderschléi huelen zou.
Déi éischte Méint zu Lëtzebuerg waren zimmlech dréchen. “Et huet een ugangs gemengt, eng Dréchent géif sech breet maachen”. An de Méint Juni/Juli huet et dunn ëmgeschloen. De Reen huet sech ugekënnegt. “Reerekorder waren et awer keng”, esou den Andrew Ferrone. D’Temperature wären allerdéngs ganz héich gewiescht.
“Et geséit esou aus, wéi wann et dat 3. oder 4. wäermste Joer gëtt, dat mir säit 1838 bei eis am Land opgezeechent hunn”. Tendenziell géifen an alle Saisonen Temperaturen an d’Luucht goen, sou de Lëtzebuerger Expert. “Bis 2050 wäerten Temperaturen hei zu Lëtzebuerg weider eropgoen”. D’Fréijore wäerten éischter méi dréche ginn, d’Wantere par contre éischter méi naass.
D’ASTA als Ulafstatioun fir d’BauerenAm Joer 1907 gouf de Service Meteo op der ASTA gegrënnt. 3 Leit schaffen haaptberufflech do. Dobäi kënnt den Ament eng ukrainesch Flüchtlingsfra, déi beim Service Meteo vun der ASTA aushëlleft.
Eng 39 Wiederstatioune sinn iwwert d’Land verdeelt. Dat si vollautomatesch Statiounen, déi 24 Stonnen op 24 operationell sinn.
Souwuel d’Temperaturen ewéi d’Wiederextremer ginn erop. Dat prophezeit eis den Andrew Ferrone. “Bei enger Erwärmung vun 1,5 Grad wärten d’Maximaltemperaturen ëm 3 Grad klammen. Mir kréie méi laang a kräfteg Hëtztwellen an der Zukunft. An och méi Dréchenten”, sou de Klimatolog. Wärend mir fréier Dréchenten éischter an de Méint Juni a Juli mol haten, kéinten dës elo all Mount vum Joer opdauchen. “Och bei den Extremnidderschléi musse mir eis dropastellen, dass déi méi staark a méi heefeg ginn”.Wanderen a Klassesch Musek
Och den Andrew Ferrone brauch en Ausgläich zu senger Aarbecht als Klimatolog. Sport interesséiert hie manner. Dofir geet de Bielesser awer gäre wanderen. D’Natur erliewen a genéissen. Bei klassesche Concerte kann een de Wëssenschaftler och emol begéinen. Virun allem Uergelconcerten hunn him et ugedoen.
“Am Asaz fir d’Klima”
Den Andrew Ferrone kënnt dacks mat anere Wëssenschaftler zesummen, fir sech auszetauschen. Och beim Weltklimarot representéiert de Klimatolog Lëtzebuerg.
Zum Schluss vum Interview hunn ech den Andrew Ferrone nach gefrot, ob hien zefridde wär mat senger Decisioun, de Beruff vum Klimatolog gewielt ze hunn. An do koum et ewéi aus der Pistoul: “Ech hätt mir kee méi schéine Beruff auswiele kënnen”.