
Dat hat den zoustännege Minister Xavier Bettel dës Woch wärend senger Visitt am Laos annoncéiert. Ma wéi vill Lëtzebuerger ONGe schaffen iwwerhaapt an de Sahel-Länner a wéi vill Sue sinn am Schnëtt dohi gefloss?
Bei der Kooperatiounshëllef ënnerscheet een tëscht Organisatiounen, déi an der Entwécklungszesummenaarbecht schaffen, an deenen, déi an der humanitärer Hëllef aktiv sinn. Verschiddener, notamment déi grouss wéi d’Croix Rouge oder Handicap International, schaffen a béide Beräicher.
An der Entwécklungszesummenaarbecht gi virop laangfristeg an nohalteg Projeten ënnerstëtzt, wéi zum Beispill de Bau an d’Gestioun vu Schoulen oder den Opbau vun Drénkwaasserreseauen. D’Hëllef gëtt an dem Beräich och ëmmer duerch en Accord-Cadre iwwer maximal 5 Joer geséchert. Déi lescht Accorden tëscht den ONGen an dem Staat lafen 2028 aus.
An der humanitärer Hëllef geet et drëms, an akuten Urgence-Situatiounen Hëllef direkt bei déi aarm Leit ze bréngen. Zum Beispill bei enger Hongersnout, enger Flüchtlingskris oder engem Klima-Evenement. Dofir ginn et dann och keng Accorden, mä et ginn eemoleg Zommen iwwerwisen.
Am Ganzen hat de Grand-Duché a béide Beräicher, also souwuel an der Entwécklungsaarbecht wéi och an der humanitärer Hëllef, 21 verschidden ONGe mat enger Enveloppe vun am Ganze 47 Milliounen Euro finanziell ënnerstëtzt.
Dovunner 41 Milliounen Euro fir laangfristeg Projeten an der Entwécklungszesummenaarbecht a knapp 6 Milliounen Euro an der humanitärer Hëllef.