No Course-poursuite mat Police22 Méint Fuerverbuet a Geldstrof

RTL Lëtzebuerg
Am Februar war de Mann nuets am Garer Quartier an der Stad voll, ze séier, an déi falsch Richtung an duerch rout gefuer.

E fest Fuerverbuet vun 22 Méint an eng ugemoosse Geldstrof: Dat huet de Vertrieder vum Parquet de Moien um Stater Geriicht fir en 31 Joer ale Mann gefrot, deen de Prozess gemaach krut wéinst enger Course-poursuite mat der Police.

Geriicht - Reportage Eric Ewald

Am Februar war de Mann nuets am Garer Quartier an der Stad voll, ze séier, an déi falsch Richtung an duerch rout gefuer: Hien hat dee Moment 2,2 Promill Alkohol am Blutt. En Dënschdeg de Moie sot de Mann, hie kéint sech u bal näischt méi erënneren. Wat de Riichter net gëlle gelooss huet.

«Dat ass einfach! D'Polizisten hunn hir Waff erausgeholl, well Äert Verhale sou donieft war! Firwat hutt Der Iech sou beholl?», krut de Mann ze héieren. Deen dorop geäntwert huet, hien hätt nach ni e Problem mat der Police gehat. Och déi Äntwert huet dem Riichter net geschmaacht: «Ech schwätze vun deem Owend! Äert Behuelen, och hei, weist, dass Der kee Respekt hutt!» Um Ufank vun der Sëtzung hat de Mann erkläert, mat senger Fussballsekipp eraus gewiescht ze sinn an de Gebuertsdag vum Trainer gefeiert ze hunn; um Wee fir heem, Zitat, «wär et du geschitt»!

«Et» huet ee vun den implizéierte Polizisten duergeluecht. Hien hätt mat engem Kolleg bei enger rouder Luucht gestanen, wéi vun der Rocade hier en Auto vill ze séier do komm wär. D'Beamte waren dem Mann no- a bei der nächster rouder Luucht op seng Héicht gefuer; hei war dee bei gréng stoe bliwwen. E bësse méi wäit hätte si de Mann kontrolléiere wëllen, wären aus hirem Won erausgeklommen, ma wéi si bei der Malle vu sengem Gefier waren, wär de Mann ugaangen; dobäi haten d'Poliziste virdrun d'blo Luucht ugemaach. Si sinn him hannendru gefuer; doropshi wär de Mann d'Avenue de la Gare de falsche Wee eropgefuer an hätt bis hanne widder Gas ginn, soudass Autoen, déi him entgéint koumen, hätte missen auswäichen. An der Neipperg-Strooss hätten dunn aner Patrullen den Auto blockéiert; d'Beamten haten eben hir Waff erausgeholl, dem Mann gesot, hie sollt de Won ausmaachen an erausklammen, wat awer net geschitt wär. Dowéinst gouf hien aus dem Gefier eraus- a krut an der Suite säi Führerschäin ofgeholl.

Iwwerdeems de Me Brian Hellinckx, Affekot vum Ugekloten, gemengt huet, säi Client hätt sou gehandelt, well en ze vill gedronk hat, huet de Vertrieder vum Parquet e flagrante Manktem u Respekt géintiwwer der Police an dem Geriicht ausgemaach.

D'Uerteel ass fir den 12. Juni.

Back to Top
CIM LOGO