Cour d'appel240 Stonne Sozialdéngscht wéinst menacéiere vun Ambulancieren

RTL Lëtzebuerg
An éischter Instanz war de Mann nach zu 6 Méint festem Prisong veruerteelt ginn.

240 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet. Dat war d'Uerteel op der Cour d'appel an der Stad géint e Mann, deen am Mee 2017 zu Déifferdeng 3 Ambulanciere menacéiert hat, déi komm waren, fir him ze hëllefen.

An 1. Instanz war hien dowéinst nach zu 6 Méint festem Prisong condamnéiert ginn. Der Verwaltung vun den Hëllefsdéngschter muss hien donieft de symboleschen Euro an den Ambulancieren zesummen 1.300 € Schuedenersatz bezuelen. Ënner anerem hat hien déi 3 bal annerhallef Stonn net aus sengem Appartement erausgelooss.

Back to Top
CIM LOGO