Police25 Verkéierskontrollen bannent 3 Deeg

RTL Lëtzebuerg
Bei de verschiddene Kontrolle gouf och deels speziell d'Vitess kontrolléiert, an do waren der nawell puer dobäi, déi e schwéiere riets Fouss haten.

Et goufe queesch duerch d'Land Kontrollen bannent den Dierfer, op de Landstroossen an op der Autobunn gemaach.

E Samschdeg de Moie goufen z.B. zwee Automobiliste gepëtzt, déi op der A13 am Tunnel méi wéi 50 km/h ze séier waren. E Fuerverbuet war d'Resultat.
 
Zu Dikrech an der Ettelbrécker Strooss an an der Stad op der Areler Strooss goufen och Automobiliste protokolléiert, well se ze séier waren. Verschiddener kruten dobäi nach e Protokoll, well se sech net un d'Covid19-Restriktioune gehalen hunn.

Bei Kontrollen zu Esch an der rue d'Audun gouf bei engem Automobilist net just eng ze héich Vitess festgestallt, ma och den Drogentest war positiv.

Back to Top
CIM LOGO