
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.291.769 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,72. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 1,27 Prozent. Vun 315 PCR-Tester waren der e Sonndeg 4 positiv. E Samschdeg goufen 98 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 148.