CR123 tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg26 Joer ale Motorradsfuerer déidlech verongléckt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend koum et géint 20.15 Auer um CR123 tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg zu engem déidleche Verkéiersaccident.
© RTL-Archivbild

Éischten Erkenntnisser no ass e Motocyclist vun der Strooss ofkomm an ass an e Bam gerannt. De 26 Joer ale Lëtzebuerger ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.

Op Uerder vum Parquet enquêtéiert d'Police technique.

Wéinst dem Accident hat d'Streck fir de Verkéier misse gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO