Um Findel ass en Dënschdeg en neie Raum fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit ageweit ginn. De Beräich soll de betraffene Passagéier e méi komfortabelen an un hir Besoinen ugepassten Accueil an eng besser Betreiung virum Fluch bidden.
Bei der Aweiung waren ënner anerem d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, de Familljeminister Max Hahn an de Generaldirekter vu lux-Airport, den Alexander Flassak, mat dobäi. De Projet ass an Zesummenaarbecht mat Partner aus dem lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur an de Sozialpartner ëmgesat ginn.
Am Kader vun der Aweiung huet d'Mobilitéitsministesch betount, datt eng modern Mobilitéit keen däerf ausschléissen. Dës nei Infrastruktur géif weisen, datt Accessibilitéit konkret misst ëmgesat ginn, fir datt all Mënsch seng Rees mat "Confiance, Autonomie an Dignitéit" kéint ufänken.
Si huet dobäi ënnerstrach, datt Inclusioun kee Choix, mee e "Grondprinzip vun der Mobilitéitspolitik" misst sinn.
Och de Familljeminister Max Hahn huet ervirgehuewen, datt all Verbesserung vun der Accessibilitéit d'Autonomie vun de concernéierte Persoune stäerkt an der ganzer Gesellschaft zegutt kënnt. Hien huet dorop higewisen, datt lux-Airport sech och un Initiativen ewéi "Bewosst" an dem Programm "Hidden Disabilities Sunflower" bedeelegt, fir d'Sensibiliséierung fir siichtbar an net siichtbar Behënnerungen ze stäerken.
De Generaldirekter vu lux-Airport, Alexander Flassak, sot, den neie Raum wier net nëmme fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit geduecht, mee och fir Mannerjäreger, déi ouni Begleedung reesen. Hien huet erkläert, datt de Fluchhafe seng Mataarbechter speziell forméiert huet, fir och Passagéier mat net siichtbare Behënnerunge besser kënnen ze ënnerstëtzen.