En ass mat der Bäifuerersäit géint e Bam gerannt. Fir de Mann koum all Hëllef ze spéit. En ass nach op der Plaz verscheet.
Den Accident ass géint 1.30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg geschitt.
D'Police vun Ëlwen huet d'Streck wärend den Opraumaarbechte fir de Verkéier gespaart. Op der Plaz waren nach de Samu Ettelbréck an d'Pompjeeë vun Ëlwen a Wäisswampech.
Tëscht Fëlschdref an Uespelt ass um hallwer 2 och een Auto an ee Bam gerannt. D'Persoun am Gefier gouf dobäi blesséiert.
Zu Stroossen op der Areler Strooss sinn e Sonndeg de Moie fréi géint 4 Auer zwee Autoe net laanscht en ee komm. Hei blouf et beim Materialschued.