
D’Resultater vun enger Ëmfro bei 92 Industrie-Betriber, déi d’Fedil gemaach huet an e Mëttwoch zesumme mat dräi Ministere virun der Press presentéiert huet, weisen, datt déi nächst zwee Joer eng 3.000 Leit am Secteur wäerten agestallt ginn. 53 Prozent méi bei der viregter Ëmfro 2024. D’Hallschent vun deenen 3.000 Plaze wiere fir industriell Prozesser. Mat 590 Plaze wier och e grousse Besoin am Bau. Donieft gi bal 400 Leit fir d’Informatik a bal 400 fir administrativ Poste gesicht. Méi ewéi d’Hallschent wieren nei Plazen a manner ewéi d’Hallschent Plazen, déi mussen nei besat ginn.
D’Industrie freet sech iwwert eng nei “positiv Dynamik” beim Emploi an de qualifiéierte Profiller.
Den Direkter vun der Fedil René Winkin war zouversiichtlech, datt een trotz der “anerer Liga” - Finanzplaz a Staat - Leit fir all déi Plaze wäert fannen. D’Lëtzebuerger Industrie wier am Verglach mam Ausland “absolut attraktiv” an d’Industrie géing am Géigesaz zu anere Beruffer mam “manuellen” Aspekt unzéien oder nach mat anere Karriärsméiglechkeeten. Hien huet awer kloer gesot, datt ee Leit vun “anerwäerts” bräicht, fir “opzefëllen”.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet dat confirméiert: “Zueleméisseg ersetze mir mat deem, wat aus eisen eegene Schoulen erauskënnt, eigentlech héchstens dat, wat an d’Pensioun geet.” Vun de 6.000 Schüler aus engem Joergang wieren ongeféier dräi Véierel qualifiéiert, sou de Minister weider, deen och optimistesch wier, datt een dat nach duerch “eng ganz Rei Initiative” kéint verbesseren.
Wat d’Qualifikatiounen ugeet, déi an der Industrie gesicht ginn, hätt d’Demande no Leit mat Bachelor vill zougeholl an de Bachelor wier bei engem Drëttel vun den Astellungsintentioune vun de Betriber gefrot. Da kéim den DAP - diplôme d’aptitude professionnelle – an nach den Techniker. Des Oplëschtung géing weisen, ewéi ëmmer méi technesch an informatesch Kompetenze gebraucht wieren oder béides, sou d’Vertrieder vun der Fedil.
D’Digitaliséierungs- an Héichschoulministesch Stéphanie Obertin huet hirersäits eng Confirmatioun erkannt, datt d’Industrie an enger Transformatioun wier. D’Etude vun der Fedil géing hëllefe fir ze wëssen, wat gebraucht wier a wéi d’Programmer ugepasst solle ginn, mee “Bachelor a Master passen sech vill méi schwéier a vill méi lues un, ewéi zum Beispill de BTS (brevet de technicien supérieur)”, esou d’Ministesch. Dowéinst géingen déi ausgebaut ginn.
Jiddereen um Dësch huet e bësse gezéckt fir op déi provokativ Fro ze äntweren, firwat ee Studie soll maachen, fir duerno an der Industrie ze sinn, wou een duerchschnëttlech manner verdéngt, ewéi beim Staat oder op der Finanzplaz. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet sech dunn awer getraut a sot: “Ech kennen der vill, déi wëlle bei de Staat. Ech kennen der awer och vill, déi soen ‘ech wëll léiwer Mol fir d’éischt eng Praxis maachen, ech wëll an de Betrib schaffe goen’. Ech kenne souguer een, deen huet gekënnegt beim Staat an deen huet gesot ‘Ech gi léiwer an de Privatsecteur schaffen’.” Och dat géing et ginn, och wann dat méi “rar” wier. De Mechaniker, Gewerkschaftler a Politiker huet gewarnt, datt et d’“Schabloun” net méi géing ginn an déi ee vir 40 Joer mol vläicht fir ëmmer gepasst huet.
Fir agestallt ze ginn, misst ee sech haut drop astellen, datt ee sech muss upassen oder ëmschoulen. Wéi eng Profiller sinn da bei der Adem ageschriwwen oder wéi eng Diplomer fanne keng vun de Plazen, déi opstinn? D’Direktesch vun der Adem, Isabelle Schlesser, huet geäntwert et kéint een “net pauschal soen”, datt Leit sech falsch orientéiert hätten. Et hätt ee festgestallt, datt dacks d’Diplomer vu Leit aus Drëttstaaten net just net unerkannt ginn, mee och dacks net op de Marché géinge passen.
Bei de jonke Leit, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, wieren et iwwerdeems net onbedéngt Leit mat Konschtgeschichts- oder exoteschen Diplomer ewéi Biologie Marine. Et wieren och Ekonomisten, oder Juristen dobäi, jo et waren och mol Journalisten dobäi. Do misst ee sech opmaachen, mee d’Betriber och, esou nach d’Isabelle Schlesser.
Wien un engem Beruff an der Industrie interesséiert ass, fënnt Informatiounen op hellofuture.lu.