
Vum Äishockey, dem Weltfraendag a wat dat mat Fairplay ze dinn huet
Mat de Biller vun der Wanterolympiad an um Hannergrond vum Weltfraendag1 gouf e Méindeg ee Stéck national Geschicht geschriwwen an zwar am lëtzebuergesche Fraen-Äishockey: d’Beaufort Knights Girls si Lëtzebuerger Champion ginn2, nodeems si sech géint d’Tornado Women aus der Stad duerchgesat hunn. Dës Finall hat schonn am Virfeld eng besonnesch Bedeitung, well et ëm den éischte lëtzebuergesche Fraechampionstitel am Äishockey3 goung. Dat eleng mécht dëse Match zu engem wichtegen historesche Moment, souwuel fir de Sport a virun allem fir d’Fraen hei am Land.
Am Sport gëtt gären iwwer Fairplay geschwat: Respekt, Gläichheet a Sportsgeescht. Fairplay soll heeschen: déi selwecht Reegele fir jiddereen, Respekt virum Géigner, an eng Konkurrenz, déi duerch Leeschtung decidéiert gëtt — net duerch Privileegien. Grad op der olympescher Bün gëtt Fairplay ëmmer nees als Grondwäert vum Sport ervirgehuewen4.
Deemno geet et hei net nëmmen ëm ee Match oder ee Pokal, mee och ëm d’Entwécklung vun enger ganzer Disziplin. Wann zwou Ekippe sech mat Respekt begéinen, da gewënnt de ganze Sport. Jonk Meedercher, déi dëse Match gesinn hunn oder dovu liesen, mierken dann: hei gëtt gekämpft, mee mat Éier. Hei gëtt verluer, mee net mat Batterkeet, an hei gëtt gewonnen, mee net mat Iwwerhieflechkeet. A virun allem ouni ‘Mimimi’5 wéi an anere Sportaarten.
Ëm esou méi batter schmaacht et, wann ee kuckt, wéi de Fraen-Äishockey zu Lëtzebuerg konkret organiséiert ass. Op der Äispist stounge sech zwou Ekippe respektvoll vis-à-vis. Nieft dem Äis awer stounge sech awer zwou komplett ënnerschiddlech Realitéite géigeniwwer. Op där enger Säit eng Struktur mat ganzjäreger Äisverfügbarkeet, also der Kockelscheier, enger ëffentlecher a bal ganzjäreg oppener Patinoire. Op där anerer Säit Beefort, wou d’Pist och an ëffentlecher Hand ass, awer d’Äiszäit vill méi limitéiert ass. Nëmmen tëscht Ufank November an dem 1. Mäerz, also nëmme 4 Méint kann op Äis trainéiert ginn - een Drëttel vum Joer. Dat ass e kloren Ënnerscheed an de Konditiounen, deen am Sport normalerweis eng grouss Roll spillt. Wann eng Ekipp trotz esou engem strukturelle Nodeel Champion gëtt, da verdéngt dat besonnesche Respekt.
Wien dann nach behaapte wëll, et géif nëmmen d’Leeschtung um Äis zielen, mécht et sech ze einfach. Wann d’Infrastruktur, déi vum Steierzueler finanzéiert oder gedroe gëtt, net equitabel am nationale Sport verdeelt gëtt, dann ass dat keen Detail mee e fundamentale Problem6.
Dofir misst een d’Saach emol kloer soen: Fairplay um Äis ass fräiwëlleg. Fairplay an de Konditiounen ass Pflicht. An do ass zu Lëtzebuerg am Äishockey nach vill Sputt no uewen.
D’Fro, déi sech also opdrängt, ass net, ob d’Spillerinne fair genuch sinn. Déi ginn hirem Sport mat Häerz, Courage an Asaz un. D’Fro ass vill méi: Maachen d’Politik an d’Federatioun hei hir Aarbecht objektiv, neutral a mat nationale Gläichheetskrittären? Kucke si wierklech, datt eng ëffentlech Infrastruktur och am Sënn vum nationale Fairplay verdeelt gëtt? Oder akzeptéiere si eng Situatioun, an där eng Ekipp strukturell vill besser opgestallt ass wéi eng aner, an nennen dat duerno normale Concours?
De Championstitel vun de Beaufort Knights Girls ass dofir méi wéi just e Pokal.
Et ass e Symbol dofir, datt Engagement, Teamgeescht a Wëllen heiansdo méi staark sinn ewéi besser Infrastrukturen. Hien erënnert eis awer och drun, datt Fairplay am déifste Sënn bedeit, dem Géigner mat Respekt ze begéinen an déi gemeinsam Léift fir de Sport iwwert alles ze stellen.
De Fraen-Äishockey zu Lëtzebuerg verdéngt deemno net nëmmen Applaus fir seng Pionéierleeschtung. Hie verdéngt och gerecht Konditiounen. Alles anescht ass eidel Symbolpolitik: vill schéi Wierder um Weltfraendag, mee ze wéineg Fairplay am Alldag. D’Madamm Backes war als Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit d’Girls vu Beefort schonns d’lescht Joer encouragéiere komm7. Elo läit de Ball – pardon – de Puck och bei der Madamm Hansen als Ministesch vum Sportsministère.
Kuerz: Fairplay um Äis? Jo. Fairplay an de Konditiounen? E groussen Nee – bis ewell...