Reaktioun vum AarbechtsministerQualifizéierte Mindestloun ofschafen, steet net am CSV-DP-Koalitiounsaccord

Joel Detaille
Op Nofro vun RTL verwërft den Aarbechtsminister Marc Spautz d'Fuerderung vun der Handwierkerfederatioun, dass de qualifizéierte Mindestloun sollt ofgeschaaft ginn.
Den Aarbechtsminister Marc Spautz
© François Aulner

De qualifizéierte Mindestloun ofschafen, steet net am CSV-DP Koalitiounsprogramm, sot de Marc Spautz e Mëttwoch am RTL-Interview. Den Aarbechtsminister huet op Nofro hin d’Fuerderung vun der Handwierkerfederatioun vun en Dënschdeg deemno verworf.

M. Spautz: Qualifizéierte Mindestloun ofschafen, steet net am Koalitiounsaccord

Zu all den anere Froe ronderëm de Mindestloun (Upassung, eventuell Kompensatiounsmesurë fir d’Betriber...) wollt den Aarbechtsminister “net aus der Hëft schéissen”, och wann hie schonn eng Preferenz fir d’Median-Akommes als Referenz fir de Calcul vum onqualifizéierte Mindestloun ausgedréckt huet. De Marc Spautz wëllt fir d’éischt am Regierungsrot driwwer diskutéieren.

Ob dat schonn dëse Freideg wier, konnt hien net soen, mä et wier “wuel geschwënn”. Den Aarbechtsminister huet awer och op de Kënschtlech-Intelligenz-Dësch vun en Donneschdeg higewisen, op deem d’Regierung d’Sozialpartner all wäert gesinn.

Hien huet och nach emol säi Wonsch ausgedréckt, datt d’Gewerkschaften nees zesumme mam Patronat a mat der Regierung un engem Dësch géing sëtzen, an net separat.

Back to Top
CIM LOGO