
Kuerz no 11 Auer hat et zu Esch-Uelzecht an der Rue Wurth-Paquet no Feier geroch. D'Pompjeeë vun Esch hate sech der Saach ugeholl.
Géint 11:30 Auer hat sech op der N2 tëscht Réimech a Bus an engem Gefier den automateschen Ecall ausgeléist. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Réimech haten awer mat engem falschen Alarm ze dinn.
Um 13:10 Auer huet zu Esch-Uelzecht an der Rue Maria Mitchell eng Poubelle gebrannt, déi d'Escher Pompjeeë geläscht hunn.
Kuerz no 15 Auer war zu Ierpeldeng bei Ettelbréck e Motocyclist gefall, dee sech dobäi blesséiert huet. Am Asaz waren d'Ambulanz aus der Fiels an d'Pompjeeë vun Angelduerf.
Um 16:10 Auer koum et um Ban de Gasperich um Boulevard Raiffeisen zu engem weideren Accident, an deen e Motosfuerer verwéckelt war. D'Rettungsdéngschter aus der Stad hu sech ëm de blesséierte Fuerer gekëmmert.
E weidere Feelalarm vum automateschen Ecall war et ëm déi selwecht Zäit op der Cloche d'Or an der Rue Guillaume Knoll.
Zu Kietscht an der Rue des Alliés war géint 16:20 Auer eng Gasfläsch a Brand geroden. Dobäi ass eng Persoun verwonnt ginn. Op der Plaz waren d'Ambulanzen aus der Nordstad a vu Réiden, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Rammerech, Gréiwels a Réiden.
En Accident tëscht zwee Autoen, ouni Blesséierter, war et um 16:40 zu Esch-Uelzecht an der Lëtzebuerger Strooss. Deen Asaz war dir d'Rettungsservicer vun Esch.