
Dobäi ass de Won mat engem Auto kollidéiert, deen entgéint komm ass. Den 1. Won huet sech iwwerschloen an ass an e weideren Auto gerannt, deen entgéint koum.
2 Persounen aus dem 1. Auto, an eng Persoun aus dem 2. Auto koumen an d'Spidol. Am 3. Won gouf kee verwonnt.
Spéider huet de CGDIS nach 2 weider Virfäll op eise Stroosse gemellt. Kuerz no 11.30 Auer hate sech um CR164 tëscht Biergem a Schëffleng 2 Ween ze pake kritt. Hei goufen 2 Persoune blesséiert.
Géint 15.50 Auer gouf zu Esch um Boulevard du Jazz eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.