
Géint 19 Auer ass an der Stad en Automobilist opgrond vu senger Fuerweis opgefall. Den Alkoholtest war positiv.
Géint 19.30 Auer ass zu Uewerkuer an der Rue Pierre Martin e Mann mat sengem Won beim Ofbéien an en anert Gefier gerannt. Doropshin ass de schëllege Chauffer geflücht. D'Police konnt de Mann awer ermëttelen, och hei war den Alkoholtest positiv.
Kuerz virun 21 Auer gouf gemellt, datt zu Léiweng wuel een alkoholiséierte Chauffer ënnerwee wier. Bei der Kontroll war och hei den Alkoholtest positiv.