
Kuerz no 17 Auer hate sech zu Käl an der Rue de Dudelange en Auto an e Moto ze pake kritt. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.
Tëscht Elleng a Fëlschdref war géint 17.10 Auer ee Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf liicht blesséiert.
An der Stad an der Rue du Bouillon gouf géint 17.15 Auer eng Persoun vun engem Bus ugestouss a liicht verwonnt.
Liicht blesséiert gouf och ee Motocyclist, wéi dëse géint 18 Auer zu Iechternach an der Lëtzebuerger Strooss mat senger Maschinn gefall war.