Am Lokalen3 Blesséierter bei 2 Accidenter um Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Asätz an de leschte Stonnen.

Um 12.50 Auer war de Samu op d'Streck tëscht Konsdref an Chrëschtnech geruff ginn. Hei haten en Auto an e Moto sech ze pake kritt an et goufen zwou Persoune verwonnt.

Géint 14.10 Auer gouf et ee Blesséierten. Tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen war e Won an eng Leitplank gerannt.

E Freideg den Owend gouf et géint 22.30 Auer um Boulevard de la Foire an der Stad en Accident. Hei gouf eng Persoun vun engem Bus ugestouss an dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO