CGDIS3 Blesséierter bei Accident um Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Käl an dem Käler Poteau gouf et e Sonndeg den Owend géint 20.40 Auer en Accident, wou zwee Autoen dra verwéckelt waren.

3 Persoune goufe verwonnt, mellt den 112. D'Ambulanze vun Diddeleng a Käl waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vu Käl.

Ee Blesséierte gouf et och 18.15 Auer bei engem Accident tëscht Esch/Sauer a Lëlz. D'Asazzentere vun Esch/Sauer a vu Rammerech waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO